E Buspassagéier hat amplaz vu Schung just 2 Hoernetzer op senge Féiss. E muslimesche Mann, deem dat opgefall ass, huet him seng Schung spontan geschenkt.
Och seng Strëmp huet hien dem Mann ginn a sot nach ier en aus dem Bus geklomm ass: “Ech brauch se net, ech wunnen direkt ëm den Eck.” De neien Schung-Besëtzer hat mol keng Zäit méi, fir “Merci” ze soen.
D’Geschicht hat séier d’Ronn gemaach an d’Noriichtenagence QMI huet de gudde Samariter gesicht a kontaktéiert. Ma de Mann wollt awer, dass seng Identitéit géif geheim bleiwen. Säi muslimesche Glawen huet hie geléiert, gutt Doten anonym ze maachen. (RTL.LU)